Jeannot Krecké au sujet du Comité de conjoncture

Fränk Kuffer: Et waren nämlech d’Zuele vum September, déi de Moie virgestallt goufen. De Chômage geet liicht an d’Lut, vu 4,2% op 4,3%, dat si 518 Chômeure méi wéi am August.

Am Studio ass elo de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg, Här Krecké.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Fränk Kuffer: De September ass also relativ normal. Mä d’Kris bei eis, bei de Banken an alles wat do drun hänkt, koum jo eréischt richteg am Oktober. Hutt Dir awer schonn eng Tendenz wéi et do ausgesäit? Ass de Chômage am Oktober méi wéi soss geklommen? Kann ee schonn eppes soen?

Jeannot Krecké: Neen, do kann een nach näischt soen. Mir hunn eng Rei Ëmfroen an de Betriber gemaach, an deenen ee gemierkt huet, datt d’Betriber d’Tendenz hunn, just in time ze schaffen. Dat heescht, datt d’Betriber net méi vill Stocken hunn, wat da mat sech bréngt, datt et direkt eng Reaktioun bei de Betriber op d’Situatioun am Moment gëtt.

Wann zum Beispill d’Automobilbranche ganz schwaach am Moment ass, a BMW 40% manner produzéiert, dann ass et evident, datt déi déi BMW beliwweren, dat direkt spieren. Soss Joeren huet et alt emol deen een oder anere Mount gedauert, bis si dat gespuert hunn, elo spiere si dat direkt.

Fränk Kuffer: Am Bankesecteur, wou jo d’Kris elo och bei eis ugefaangen huet, gëtt do ofgebaut, oder manner agestallt, déi nächste Wochen a Méint?

Jeannot Krecké: Mir hu bis elo net kënne feststellen, datt do eng Tendenz soll si fir Leit z’entloossen. Ech wëll awer elo net soen, datt dat net eventuell an nächster Zäit kéint kommen. Dofir hu mir jo och dee Comité agesat dee probéiert, wann emol een op enger Plaz misst fort goen, datt en direkt eng aner Plaz fënnt. Vu datt mir jo op der Bankplaz festgestallt hunn, datt awer vill héichkaräteg Leit feelen, gi mir dovun aus, datt mir vläicht e Wiessel méi einfach a méi zwanglos kënne maachen.

Mä et muss ee wëssen, datt mir déi Aussmoosse vun deem wat geschitt ass mat e bësse Retard spieren. Bis elo huet de Finanzsecteur nach weider agestallt. Et gesäit een allerdéngs, datt et net méi esou vill war wéi virdrun.

Fränk Kuffer: Elo hutt Dir de Moien och ugekënnegt, datt 16 Betriber ugefrot hu fir kuerz ze schaffen. Dat sinn der méi wéi soss. Soss gesäit een alt emol an Ärem Communiqué, datt et der 2, 3 sinn. Dat ass jo awer och e kloert Zeeche fir d’Kris, oder?

Jeannot Krecké: Et ass e kloert Zeechen, datt mir an eng Period erakommen, wou mir e konjunkturelle Problem hunn. Loosse mir net vergiessen, datt déi lëtzebuerger Banken, déi insgesamt gesond sinn, Schwieregkeeten duerch d’Mammegesellschaften haten, déi Dommheete gemaach hunn.

Esou hu mir och hei eis Betriber, déi awer gesond sinn. Mir hunn e puer Schwaachpunkten, déi kenne mir. Mä déi Betriber iwwer déi mir elo schwätzen, an déi sech och elo gemellt hunn, dat si Betriber déi ganz gutt schaffen, mä awer direkt vun der Automobilbranche ofhänken – dat waren der elo schonn 8 vu 16 Stéck.

Fränk Kuffer: Well mir och vill Zouliwwererbetriber hei am Land hunn.

Jeannot Krecké: Ganz genee, an do ass d’Produktioun elo erofgeschrauft ginn.

Fränk Kuffer: Här Krecké, mir hunn de Moien, an och elo an eisem Mëttesjournal, vill iwwer d’Arcelor geschwat. Do schéngen et jo awer Problemer ze ginn. Kënnt Dir confirméieren, datt d’Produktioun, wann net ganz steet, dann awer ganz lues dréint? Mir kruten esouguer gesot, si géif quasi stoen.

Jeannot Krecké: Et ass esou, datt dat konjunkturell bedéngt ass, dat heescht net strukturell bedéngt. Dat bedeit, datt et kee Problem vun de Strukturen, ma vun der Nofro ass – d’Stolproduktioun fiert weltwäit ewell nach just mat 60% vun de Kapazitéiten. An dat ass natierlech hei zu Lëtzebuerg och zu engem Deel de Fall. Dat heescht, datt et och hei Wierker ginn, wou net méi geschafft gëtt, oder net an deem Mooss wéi virdrun.

Dat wëll awer net heeschen, datt mir eis elo direkt Suerge musse maachen. Déi Wierker hu ganz gutt geschafft, souwuel d’lescht Jor, wou se e staarke Benefice ofgeworf hunn, wéi och dëst Jor, wou se bis an de September era méi produzéiert hunn, wéi dat wat se virdrun haten. Wat eben elo geschitt ass, ass datt d’Nofro zréck gaangen ass. Mä déi Nofro, dovu muss ee jo ausgoen, wäert iergendwann erëm an d’Lut goen, an da kënnen déi Wierker erëm voll schaffen.

Déi Wierker si gesond, déi Wierker schaffe gutt. Mir hunn elo en zäitweilege Problem, wéi dat och an anere Wierker, an zwar vill méi schlëmm nach, de Fall ass.

Fränk Kuffer: Mä sitt Dir do net e bëssen zevill optimistesch? Dir schwätzt vu 60%, net zevill Suerge maachen. D’Leit am Betrib maache sech awer Suergen, well si ebe quasi keng Aarbecht hunn, a si soen, et géif immens gespuert ginn.

Jeannot Krecké: Et ass sécher, wann Zäite wéi déi hei kommen, da gëtt iwwerall gespuert.

Mir haten elo eng Plaz, wou mir e ganze Koup Leit aus Amerika invitéiert haten, do sinn der 30 op ee Coup net komm, well gesot ginn ass, dir haalt elo op mat den Transatlantikflich, dir haalt op gréisser a länger Reesen ze maachen. Dat heescht, et gëtt iwwerall gespuert.

An et ass och hei am Stolberäich elo voll op d’Brems getrëppelt ginn, mä awer och scho virdrun. Dat heescht, déi Betriber, déi beispillsweis an der Automobilbranche schaffen, si voll op d’Brems getrëppelt, an automatesch mussen déi hannendrun dat selwecht maachen.

Dofir verstinn ech wuel, datt ee sech Suerge mécht, mä dat hei – nach eng Kéier – huet eppes mat der Konjunktur ze dinn. Do muss een dovun ausgoen, datt mir dat och erëm opgefaange kréien, datt dat erëm eng Kéier biergop geet, an datt mir och Instrumenter hunn. Den Aarbechtsminister wäert mat de Sozialpartner doriwwer schwätzen, grad wéi och mat der Arcelor. En huet deen Optrag vun der Regierung fir mat hinnen ze schwätzen, fir déi Instrumenter, déi mir hunn, fir déi spezifesch Besoinen anzesetzen, déi d’Leit hunn.

Fränk Kuffer: Kéint et sinn, datt d’Arcelor och Liquiditéitsproblemer huet? Och do ginn et op d’mannst emol Rumeuren doriwwer.

Jeannot Krecké: Jo, dat schénge mir awer nëmme Rumeuren ze sinn. Ech kann dat absolut net confirméieren. Dee Betrib steet op feste Féiss. Dee strieft e Gewënn viru Provisiounen a virun Taxen un, deen esou héich ass, datt e quasi d’ganz Verschëldung ofdeckt. Dat heescht, d’Héicht vun der Verschëldung gëtt duerch d’Resultat vun engem Jor ofgedeckt. Da kann een also net soen do wiere Schwieregkeeten. Ech gleewen och net, datt elo kuerzfristeg Liquiditéitsproblemer wieren. Déi Resultater déi si an den éischten 9 Méint agefuer hu sinn esou gutt, datt ech mir net ka virstellen, datt do Liquiditéitsproblemer solle sinn.

Fränk Kuffer: Wat d’Banken ugeet, mengt Dir do wiere mir iwwer de Bierg? Do si jo nach déi islännesch Banken, wou mir elo e Reportage am Mëttesjournal haten, datt do eng éischt Tranche op d’Säit geluegt gouf, fir deene Banken eventuell ze hëllefen, och wann d’Faillite nach net fir haut a muer ass. Muss d’Regierung och nach intervenéieren, mengt Dir?

Jeannot Krecké: Also, aus der Erfahrung déi ech aus deene leschte Wochen hunn, ass et schwéier ze soen, ob ee schonn doduerch wier. Ganz oft hu mir geduecht, mir hätten den Enn vum Tunnel erbléckt, da war et en Zuch deen eis entgéint komm ass. Esou ass et och elo haut schwéier, eng Previsioun an eng Prognose ze maachen. Mir probéieren all Kéiers dann ze reagéiere wann et noutwenneg ass. Déi puer islännesch Banken, wou mir elo amgaange sinn ze kucke wéi mir déi iwwer d’Distanz retten, déi maachen eis no wéi vir Suergen.

Mir hunn ee Prinzip: mir probéieren datt keng Bank an d’Faillite fält, well wa mir indemniséiere mussen, ass dat ëmmer eng onglécklech Situatioun. Et ass och net gutt fir de Ruff vun der Finanzplaz. Dofir probéiere mir alles ze maache fir d’Banken iwwer d’Distanz ze kréien. Ech kann Iech awer net mat Sécherheet soen, ob mir wierklech elo zum Schluss scho komm sinn.

Fränk Kuffer: Wat nach Previsiounen a Prognosen ugeet, Ufanks Dezember, mengen ech, kommen déi nei Wuesstemszuelen eraus. Muss een domat rechnen, datt déi fir Lëtzebuerg och nach eng Kéier no ënnen ugepasst ginn?

Jeannot Krecké: Ech ginn dovun aus, datt mir se natierlech net no uewe upasse wäerten. Wann ech kucke wéi d’Situatioun sech dobaussen an de Betriber weist, dann ass et wahrscheinlech esou, datt mir déi no ënne wäerte mussen upassen. Mä et huet elo kee Wäert Spekulatiounen ze maachen, mir waarden drop, wat den FMI seet, dat heescht de Fonds monétaire, wat d’OECD seet a wat d’Kommissioun seet.

An eréischt wa mir wëssen, wéi et am Euroraum ass, wat déi eenzel Gremien iwwer eis Nopeschlänner soen – well 56% bis 60% vun deem wat mir exportéieren, exportéiere mir an Däitschland, Fränkräich, d’Belsch – kann ee kucke wéi sech dat bei eis wäert auswierken. Dofir muss ee bis Ufank Dezember waarden.

Fränk Kuffer: Jeannot Krecké, villmools Merci fir de Besuch de Mëtteg am Studio. Merci fir déi Präzisiounen.

Jeannot Krecké: Merci och.

Dernière mise à jour