François Biltgen au sujet du Comité de conjoncture

Fränk Goetz: Am Studio begréissen ech elo den Aarbechtsminister. Här Biltgen, gudden Owend.

François Biltgen: Gudden Owend.

Fränk Goetz: Wéi gesot, 16 Betriber hunn ugefrot fir kuerz ze schaffen. Wat bedeit dat elo konkret fir de Staat, well dat kascht jo eppes?

François Biltgen: D’Kuerzaarbechtsinstrumentarium ass eent, wat mir vun de 70er Joeren un hunn, wat mir regelméisseg asetzen, net nëmme wa konjunkturell Problemer sinn, ma heiansdo och wann e Betrib strukturell Problemer huet. Haut hu mir ënner deene 16 Betriber haaptsächlech Betriber mat konjunkturelle Problemer gehat, well keng Carnets de commandes méi do sinn, well d’Zouliwwererbetriber un anere Betriber hänken, Dir hutt et richteg gesot.

Wat heescht dat, Kuerzaarbecht? Kuerzaarbecht heescht, datt am Schnëtt hallef esou vill geschafft gëtt. Dat heescht, d’Leit ginn net entlooss. Dat ass ee vun den Haaptpunkte vun der Politik.

Fränk Goetz: Si verdéngen och manner.

François Biltgen: Si verdénge manner. Et gëtt oft vergiess, datt déi Leit 20% manner verdénge wéi virdrun. De Staat bedeelegt sech dann un deem do Ausfall, Dir hutt et selwer gesot. Et kënne ronn 2.200 Leit maximal betraff sinn. Et ass ëmmer esou, wa mir d’Zuelen herno kucke waren awer ëmmer manner Leit, déi Kuerzaarbecht hu misse maachen, wéi ugefrot gouf. Op där anerer Säit ass et dann esou, datt dat och eng Dépense fir de Fonds pour l’emploi gëtt, déi bis zu, dës Kéier, zwou Milliounen Euro goe kann.

Fränk Goetz: Wat bedeit dat iwwerhaapt, wann esou e Betrib kuerzschafft?

François Biltgen: Ech mengen, wat wichteg ass dat ass, datt en ebe keng Leit entléisst. Et gëtt en aalt lëtzebuerger Spréchwuert dat seet: „Nom Reen kënnt d’Sonn“. Mir hate vill Sonn op der Wirtschaftsplaz, an elo kënnt Reen. Wahrscheinlech net nëmmen e Schluet, mä e bësse méi Reen. Et ass wichteg, datt een elo de Reemantel undeet, awer och d’Summergezei net an d’Kleedersammlung gëtt, mä et an de Schaf leet, fir erëm eraus ze huelen.

Wat heescht dat? Wann et méi schlecht geet, soll ee keng Leit entloossen, et soll ee se halen. Herno, wann et erëm besser geet, brauch ee se, an dann ass ee frou, wann ee seng Leit huet. Dat ass een Instrumentarium.

Mir hunn der e puer. De Maintien dans l’emploi ass vläicht och nach een Instrumentarium, wéi mir et erméiglechen, datt d’Betriber während deene Méint wou et méi schlecht geet awer hir Leit net mussen entloossen. Natierlech mécht de Betrib seng Efforten, d’Leit maachen hir Efforten, an de Staat mécht och säin Effort fir dem Betrib ze hëllefen, iwwer déi do Méint ewech ze kommen.

Fränk Goetz: Den Thema Aarbechtsplazen, Här Biltgen, verdéiwe mir elo gläich, an dat mat engem konkrete Beispill.

Et geet hei ëm de gréisste private Patron zu Lëtzebuerg: ArcelorMittal. Eenzel Produktiounsanlage sinn am Moment gestoppt, de Stolproduzent huet seng Kapazitéiten hei am Land erofgefuer, well d’Demande fir Stolprodukter réckleefeg wier. Sozial gesi géif d’Personal Congé a fräi Deeg eranhuelen, respektiv iwwer de Wee vun der Cellule de reclassement divers Aarbechten am Wierk maachen. De Guy Weber iwwer d’Situatioun bei ArcelorMittal.

(...)

Fränk Goetz: Jo, Här Biltgen, de Staat huet bei de Banke gewise wat e kann. Ass et dann elo och un der Politik sech em d’Sécherung vun den Aarbechtsplazen, wéi zum Beispill bei ArcelorMittal, ze këmmeren?

François Biltgen: Selbstverständlech. Mir hunn, wéi gesot, verschidden Instrumentarien. Bei de Banken hu mir d’Politik vum Maintien dans l’emploi spille gelooss. Do ass et esou, datt vill Aarbecht do ass. Verschidde Betriber wäerte Leit entloossen, anerer kënne se huelen, also kënne mir kucken, déi vun enger Plaz op déi aner ëmzeschichten.

Bei Arcelor hu mir vun den alen Tripartiten hier och en Instrument, nämlech déi berühmte Cellule de reclassement, déi och an Ärem Reportage ugeschwat gouf. Déi bréngt et dozou, datt d’Arcelor net muss Kuerzaarbecht beim Comité de conjoncture ufroen, well se déi Cellule de reclassement huet, wou déi Leit während där Zäit wou hir Linn stëll steet beschäftegt kënne ginn, a wou selbstverständlech och do de Staat, iwwer de Fonds pour l’emploi, un deene Käschte bedeelegt.

Dat heescht, mir hu schonn ausgeklügelt Instrumentarien zu Lëtzebuerg fir ze kucken, wann et méi schlecht geet, datt néierens musse Leit entlooss ginn an datt mir déi Ree-Period, wéi ech dat genannt hunn, iwwerbrécke bis datt d’Sonn erëm schéngt.

Fränk Goetz: Hei schaffe 6.500 Leit, dat sinn der jo méi wéi bei Dexia a Fortis zesummen. Dat heescht, de Staat muss och hei, wann ech Iech richteg verstinn, seng Responsabilitéit, iwwerhuelen.

François Biltgen: Déi steet ganz kloer an deenen Accorden. Woubäi et jo esou ass, datt dee leschten Accord, de Lux 2006, wat en Tripartite-Accord war, den 31. Dezember ausleeft. Mat deem schaffe mir elo.

Dofir hu mir och fir Mëtt November de Comité de suivi des effectifs de la sidérurgie zesummegeruff, deen ass ongeféier esou wéi deen technesche Comité ze gesinn, dee mir fir d’Banken- a Finanzplaz aberuff hunn, deen och wéi de Comité de conjoncture ze gesinn ass. Mir hunn alleguer déi verschidde Comitéen, mat deene mir dat iwwerwaachen, a kucken Informatiounen auszetausche fir ze berouegen. Mir hunn also eis Instrumentarien, déi mir kënnen asetzen.

Den neien Investitiounsplang, kritt och e soziale Volet un deem mir zur Zäit bilateral schaffen. D’Sozialpartner musse fir d’éischt hir Aarbechten un d’Regierung, un den Aarbechtsminister weider ginn, an da wäerte mir dat eng éischte Kéier am Comité de suivi Mëtt November undiskutéieren, dee Volet social, an da wäert bis zum Enn vum Jor eng klassesch Stoltripartite zesummekommen, fir deen neie Plang, Lux 2010, ze finaliséieren.

Fränk Goetz: Eng Tripartite, déi jo och vun de Gewerkschaften ugefrot ass. Déi sollt, hat Dir elo gesot, Enn dëst Jor spéitstens [gëtt ënnerbrach]

François Biltgen: Dee leschten Accord leeft den 31. Dezember aus, also muss virum 31. Dezember en neien Accord kommen.

Et muss een hei bei där Affaire Arcelor zwou Saache gesinn. Éischtens deen neie Plang, wou et effektiv drëm geet, Lëtzebuerg mëttel- a laangfristeg auszebauen.

Op där anerer Säit dee konjunkturellen Abroch, deen elo komm ass, dee mir mat den Instrumenter, déi mir ewell hunn, geréieren, an déi mir och an Zukunft bäibehalen. Déi ginn ëmfonctionnéiert, mä mir behale se bäi. D’Cellule de reclassement soll net ofgeschaaf ginn, mä bien au contraire. Et gëtt awer och nach dee klassesche Comité de suivi, dee regelméisseg zesumme kënnt, wa Leit agestallt ginn, ma vun deem gëtt manner oft geschwat.

Hei zu Lëtzebuerg hu mir eis Instrumentarien. Mir bréngen et als Regierung relativ séier fäerdeg, zesumme mat de Sozialpartner, déi ganz serieux matschaffen, ze reagéieren an ze kucken, datt keng gréisser Katastrof geschitt.

Fränk Goetz: Wat sinn dann elo eigentlech d’Konditioune fir Kuerzaarbecht kënnen ze maachen?

François Biltgen: D’Haaptviraussetzung ass, datt de Betrib seet, mir hunn net genuch Aarbecht. Dat ass den Haaptpunkt. Da muss ech awer uginn, woufir ech net genuch Aarbecht hunn?

Et ka strukturell Grënn hunn, dat sinn elo déi mannste Fäll. Da kënnen et nach konjunkturell Grënn ginn, datt einfach keng Nofro méi do ass. An da gëtt et och deen een oder anere Betrib, där waren der bei deene 16 och dobäi, déi e Lien de dépendance économique hunn. Déi hänken esou un engem Betrib, datt, wann et deem Betrib schlecht geet, hinnen automatesch och schlecht geet.

Sinn déi Bedéngungen erfëllt, do gëtt och de Sozialdialog spille gelooss, do mussen d’Delegatioune gefrot ginn, da geet de Sekretariat vum Comité de conjoncture, d’Mataarbechter vum Wirtschafts- a vum Aarbechtsministère, sur Place kucken, kontrolléieren. Déi maachen och regelméisseg de Suivi, ob dat och alles esou richteg ass, an da kënnt den Dossier an de Comité de conjoncture. De Comité de conjoncture mécht dann den Avis fir d’Regierung. Haut war den Avis fir déi 16 Betriber positiv, e Freideg wäert d’Regierung dat dann definitiv accordéieren.

Fränk Goetz: Här Biltgen, villmools Merci fir de Besuch hei am Studio.

François Biltgen: Merci och.

Dernière mise à jour